Der Police déi néideg Mëttele ginn!

E Méindeg, de 4. Januar 2016 huet d’ADR-Fraktioun eng Delegatioun vun 3 Police-Gewerkschaften empfaangen. An engem längerem Gespréich goung et dorëms, wéi eng Mëttelen der Police mussen zu Verfügung gestallt ginn. Am Virdergrond steet dobäi de Kampf géint den Terrorismus. Och all déi aner Problemer, mat deenen d’Police all Dag konfrontéiert ass, mussen eng gesetzlech a reglementaresch Léisung fannen, dëst och a virun allem am Interessie vun der ganzer Bevëlkerung.

An engem oppene Bréif un de Minister fir bannenzegt Sécherheet haten eng Rei Police-Gewerkschaften op de Gesetzprojet 6921 reagéiert, wouranner nei Méiglechkeeten am Kampf géint den Terrorismus virgesi sinn. Fir d’Personalvertrieder vun der Police ginn dës Moossname bei wäitem net duer, fir datt d’Police hire Missioune kann effizient an efficace nokommen.

An der Entrevue gouf festgehalen, datt d’Police grand-ducale vill Manner Méiglechkeeten huet fir anzegräife wéi z.B. d’Police an onsen Nopeschlänner, dëst esou wuel fir d’Police judiciaire wéi fir d’Police administrative. Fir d’Bevëlkerung wierksam kënnen ze schützen, muss d’Police och däerfe proaktiv virgoen an net waarden bis eng Strofdot geschitt ass, wat an Däitschland ënner dem Begrëff „Gefahr in Verzug“ verstane gëtt.

D’ADR deelt d’Bedenke vun der Police-Gewerkschaften. D’Lëtzebuerg Police muss, ähnlech wéi an den Nopeschlänner, déi néideg Mëttelen zur Verfügung gestallt kréien. Dëst betrëfft de gesetzlechen an reglementaresche Kader, awer och de Rekrutement an d’Héicht vun den Effektiver an déi technesch Equipementer.

D’ADR verlaangt weider, datt d’Kompetenze vun alle Sécherheetsorganer kloer festgeluecht ginn, esou datt eng reiwungslos Zesummenaarbecht tëschent alle Servicer, an och mat der Justiz, méiglech ass. D’Polizisten um Terrain musse besser geschützt ginn, an de Staat muss och ganz kloer hannert der Police stoen. Dëst ass am Interessie vun der Police, der Sécherheet an domadder och der gesamter Bevëlkerung!

D’Police-Gewerkschafte ware vertrueden duerch:

  • John Bravaccini, Sekretär vun der APUC
  • Tom Didlinger, President vun der ACSP
  •  an Reiffers, President vun der ACSP
  •  Pascal Ricquier, President vun der SNPGL

D’ADR-Delegatioun huet bestanen aus dem Gast Gibéryen, dem Fernand Kartheiser (Deputéiert) an dem Alain Kleeblatt (parlamentaresche Mataarbechter).

Deel dëse Post: