De 5. Dezember ass an der Chamber d’Rentereform gestëmmt ginn. Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen ass a senger Ried op d’Proposen agaangen, déi e schonns am Joer 2011 virgestallt hat, an huet se mam Gesetzesprojet vum zoustännege Minister verglach. „D’Moossnamen [vun der Regierung] si sozial ongerecht an dofir fannen se net eis Zoustëmmung“, esou d’Conclusioun vum Fraktiounschef, deen zesumme mat den aneren ADR-Deputéierte géint d’Rentereform gestëmmt huet.

De Gast Gibéryen huet och eng Motioun agereecht fir vun der Regierung méi gewuer ze ginn iwwert d’Entwécklung vun de Pensiounen am ëffentleche Secteur. Den ADR-Deputéierte Jacques-Yves Henckes hat schonns am Mäerz 2012 eng parlamentaresch Fro un de Finanzminister an un de Minister fir d’Fonction publique adresséiert. D’Regierungsmemberen hunn deemols erkläert, et wär net méiglech esou eng Etude duerchzeféieren. D’Deputéierte waren dann och deementspriechend verwonnert, wou de Gesondheets- a Sozialversécherungsminister behaapt huet, dës Donnéeë géingen awer existéieren a wieren disponibel.

Dir intresséiert Iech fir den Dossier Renten? Hei uklicken!