De 25. Mee entscheet Dir!

D’Walkampagne, déi grad op en Enn geet, huet virun allem eppes ervirbruecht: d’Onzefriddenheet vun de Bierger mat der aktueller Europäescher Unioun. Vill kritiséiere mat Recht, datt d‘EU am Ament weder demokratesch nach sozial ass, a virun allem datt déi eenzel Memberstaaten zwar ëmmer manner ze soen hunn, mä dofir d’EU-Institutiounen ëmmer méi. Och d’ADR ass der Meenung, datt et esou net ka weidergoen.

Et fält allerdéngs op, datt déi Parteien, déi dat Europa vun haut iwwert Joerzéngte geprägt hunn, op eemol „en anert“ oder „e bessert“ Europa verspriechen, obwuel déi Parteien éiweg um Rudder waren. Nach virun all Walen hunn déi Parteien de Wieler méi e soziaalt, méi en demokratescht, méi en transparent Europa versprach an hunn no de Walen eng Politik ënnerstëtzt, déi als Resultat méi en onsoziaalt, méi en ontransparent, méi en ondemokratescht Europa hat. An och dës Kéier verspriechen déiselwecht Parteien de Wieler erëm datselwecht.

D’ADR seet: Wien sech en anert Europa wënscht, dee muss och anescht wielen. Der ADR hir Prioritéit ass et, déi legitim Interessie vu Lëtzebuerg konsequent ze verdeedegen. Mir wëllen eis fir manner Europa a méi Lëtzebuerg asetzen. Konkret heescht dat:

– Mir brauchen en Europa, wat sech ëm déi fundamental Problemer vun Europa këmmert, a sech net an dat alldeeglecht Liewe vun de Mënschen a Betriber amëscht.

– Mir wëlle kee federaalt Europa, also europäeschen Zentralstaat, mä en Europa vun den Natiounen, am Respekt vun hirer Souveränitéit, hirer Kultur an hirer Identitéit.

– Mir brauchen den Euro, mä et kann net sinn, datt ee Memberstaat – och Lëtzebuerg net – fir d’Scholde vun engem anere Land opkënnt.

– D’Tierkei gehéiert net an d’EU, an dofir dierfen och keng Bäitrëttsverhandlunge weidergefouert ginn. D‘EU soll mat der Tierkei bilateral Accorden ofschléissen.

– Iwwert all neie Bäitrëtt vun engem Land sollen d’Leit an all Land kënne per Referendum ofstëmmen.

– D’ADR plädéiert fir en Europa mat soziale Mindestnormen. Mir wëllen e Bannemaart mat faire Reegelen an ouni Sozial- oder Ëmweltdumping.

– Lëtzebuergesch muss als EU-Sprooch unerkannt ginn. Et geet net drëms, alles iwwersetzen ze loossen, mä datt e wichtege Bestanddeel vun eiser Kultur an Identitéit déi Opwäertung kritt, déi e verdéngt.

Déi Parteien, déi bis elo am Europaparlement vertruede waren, wäerte mat därselwechter Politik weiderfueren, wann se vum Bierger e Sonndeg konfirméiert ginn. Vun deene Parteien, déi net am Europaparlament vertruede sinn, ass d’ADR déi eenzeg Partei, déi dëse Sonndeg eng realistesch Chance huet fir e Mandat ze kréien.

Grad dowéinst ass et wichteg, datt all d‘Wieler, déi sech géint déi aktuell Europapolitik wëlle wieren, ADR wielen. Eng Stëmm fir d‘KPL, d‘Piraten, d‘PID oder déi Lénk ass eng verluere Stëmm an domadder am Interessi vun CSV, LSAP, déi Gréng an DP.

Falsch ass och d‘Leit gleewen ze doen, datt eng Stëmm fir d’CSV och eng Stëmm fir de Jean-Claude Juncker als Kommissiounspresident wier, well fir Kommissiounspresident ze ginn, muss ee vu senger nationaler Regierung ernannt ginn an d‘Zoustëmmung vun de Staats- a Regierungscheffe kréien.

De 25. Mee hutt Dir et mat Ärem Stëmmziedel an der Hand, fir datt an Zukunft an Europa eng Politik mat Lëtzebuerg an net géint Lëtzebuerg gemaach gëtt.

Mir sti fir eist Land, och an Europa!

Wielt ADR!

Deel dëse Post: