De Roy Reding fuerdert Respekt fir kleng a mëttel Betriber

Respekt fir kleng a mëttel Betriber gefuerdert, huet de Roy Reding an enger Chambersdebatt. Dat fir d’Aarbechtsplazen, déi si schafen, d’Steieren, déi si bezuelen, all hir Leeschtungen an hir Beiträg, och beim Andreiwe vun der Lounsteier an der TVA. Des Betriber suerge mat fir de Lëtzebuerger Triple-A, duerfir, datt Lëtzebuerg international esou gutt do steet, sot de Roy Reding am Kader vun enger Interpellatioun vum Félix Eyschen (CSV).
Hien huet duerfir plädéiert, d’Suergen an d’Ängscht vun esou Entrepreneuren ze verstoen, hinnen net zevill bürokratesch Flichten opzedrummen a si sech op hir Betriber konzentréieren ze loossen. Als konkret Mesure wëll de Roy Reding, datt d’KMB nach just déi TVA zeréckbezuele sollen, déi si och kasséiert hunn. Dat géing si besser schützen, wann si Rechnungen net géinge bezuelt kréien.

Deel dëse Post: