1990 hunn an der Stad Lëtzebuerg 74.000 Leit gewunnt. Et waren 70.000 Schaffplazen do. D’Etude Luxtraffic huet fir 2007 mat 82.000 Awunner an 72.000 Schaffplazen gerechent. Et goufen awer 86.000 Awunner an 136.000 Schaffplazen. Amplaz e bësse manner Pendler, krute mer der méi ewéi duebel esou vill. Nëmmen 30.000 Leit, déi an der Stad gewunnt hunn, hunn och 2007 do geschafft. 106.000 sinn also all Dag iwwer d’Stadgrenzen era komm, dovunner 45.000 aus der Groussregioun. Domatter waren mueres d’Stadafahrten saturéiert, an owes d’Stadausfahrten.

D‘Stroossen lossen sech awer net méi verbreederen: méi Traffic geet also net drop, scho guer net, wann den Autoen elo och nach d’Plaz fir en Tram ewechgeholl soll gin.

De Stader Mobilitéitsplang am Kader vum Opstelle vum neien allgemengen Bebauungsplang schwätzt fir 2030 vun 161.000 Awunner an 213.000 Schaffplazen, déi vun 55.000 Stader an 158.000 Pendler, dovun 83.000 Grenzgänger, besat ginn.

Ouni City Tunnel Chaos pur

Dat gëtt ouni City Tunnel Chaos pur, well déi zousätzlech 52.000 Pendler kënnen nëmme mat dëser Verkéiersléisung an zwou Stonnen mueres an d’Stad bruecht an owes nees heem geféiert ginn – an engem Siess, ouni ëmzeklammen vun doheem op d’Aarbecht an och nees esou zréck. Dat ass attraktiv, dat funktionéiert!

Do ass dann och d’Bereetschaft do, fir wann néideg mam Auto op eng Parkplaz bei enger Gare ze fueren.Déi Leit ausserhalb vun den haut schonns zougestaute Stadafahrten op Kapgaren (ewéi der Stader Gare) aus dem Zuch ze geheien, an dann op eng Abberzuel Tramsgarnituren ëmzelueden an se dann duerch mat Autoen zougestaute Stroossen ze joen, kann net funktionéieren.

Esou een Transportvirgang léisst sech kee Mënsch gefalen: an net emol 30 Minutten vun Didenhuewen op d’Peripherie vun der Stad, an dann an enger méi laanger Zäit vun der Périphérie op d’Schaff, dat mécht kee mat!