D’ADR-Fraen, mat iwwer 800 Memberen eng vun deene gréissten, politesche Fraenorganisatiounen hei am Land, haten den 1. Mäerz gefrot fir dem CNFL bäizetrieden. D’ADR Fraen haten dobäi all Konditiounen erfëllt déi an de Statutte vum CNFL fir e Bäitrëtt virgesi sinn. De 24. Mäerz 2016, huet den CNFL dës Demande awer refuséiert ouni dofir Grënn unzeginn.

D’ADR stellt fest, datt den CNFL domat den Usproch verléiert fir kënne repräsentativ fir all Fraen am Land ze schwätzen. Genee dat wor awer dat Argument, op dat dëse Gremium bis elo seng Legitimitéit als politesche Gespréichspartner vun de staatlechen Institutiounen baséiert huet. De Refus fir all politesch Stréimungen an Organisatiounen opzehuele mécht den CNFL selwer zu enger politesch orientéierter Organisatioun amplaz en neutralen Daachverband fir all Fraenorganisatiounen am Land ze sinn.

D’ADR stellt dowéinst an Zukunft och déi staatlech Subventionéierung vum CNFL a Fro. Et kann net sinn, datt eng Organisatioun déi sech als eppes ausgëtt wat si net ass, och nach dofir massiv vun de Steierzueler finanzéiert gëtt.

Déi Tatsaach, datt dëse Refus net argumentéiert gouf an dat den CNFL den ADR Fraen mol kee Gespréich iwwer hire Bäitrëtt ugebueden huet dokumentéiert déi Intoleranz an dem Gremium.

Eng Organisatioun wéi den CNFL, déi den Usproch erhieft géint d’Diskriminatioun vu Fraen opzetrieden, diskriminéiert selwer aner Fraen, an zwar all déi, déi net mat deene lénke gesellschafts- an genderpolitesche Virstellungen averstane sinn sinn.

D’ADR Frae setzen sech och weiderhi fir de Schutz vum Liewen an de Schutz vum Kand an. Si vertrieden d’Rechter vun der traditioneller Famill a setzen sech fir d’Unerkennung an d’Opwäertung vun den Elteren an. D’ADR Frae sinn och weiderhi géint Quoten.

D’ADR an d’ADR Frae bekennen sech zu enger wäertorientéierter Politik a bleiwen déi eenzeg politesch Organisatiounen am Land, déi de Wieler nach eng glafwierdeg Alternativ zu der „pensée unique“ vu Gambia, Lénk an CSV ubidden.

Pressematdeelung vum 12. Abrëll 2016