D’Arméi bei hirer wichteger Aarbecht ënnerstëtzen!

An enger Interpellatioun, de 14. Mäerz, huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser d’Lag vun der Lëtzebuerger Arméi analyséiert an eng ganz Rëtsch vun Inkonsistenze bei der Regierung opgedeckt. Ugefaang domat, datt den Arméiminister Étienne Schneider sech bei esou enger wichteger Debatt einfach duerch seng Staatssekretärin Francine Closener ersetze léisst an et net derwäert fënnt, perséinlech an der Chamber ze sinn. Mä en décke Merci un d’Arméi stung um Ufank vum Fernand Kartheiser senger Ried.

Duerno huet hie sech gewonnert, datt d’Regierung international ganz aner finanziell Engagementer fir d’Arméi hëlt, wéi si dann hei am Land ukënnegt. De Fernand Kartheiser huet den Ausrüstungsstand kritiséiert, awer virun allem wollt hien d’Haaptgewiicht op d’Personal leeën. Et feelt um Härebierg deelweis u Material mä virun allem un Zaldoten. D’Arméi ass wäit ewech vun der Personalstäerkt, déi 2007 per Gesetz geregelt ginn ass. Fir d’Karriär méi interessant ze maachen, huet de Fernand Kartheiser eng ganz Rëtsch vu Léisunge proposéiert.  Praktesch am Minuttentakt huet hien op organisationell oder strukturell Problemer higewisen a konkret Léisungen oder Alternative virgeschloen. Besonnesch um Häerz louchen him Verbesserungen am schoulesche Beräich. Him ass et drëm gaang, mat Phantasie a guddem Wëllen ze weisen, wéi Zaldoten och kënne no hirem Déngscht sënnvoll um Aarbechtsmarché agesat ginn. Bedauert huet de Fernand Kartheiser, datt fréier Prioritéiten an Exklusivitéiten just um Aarbechtsmaart fir Zaldoten ewechfalen oder net respektéiert ginn.

D’Chamber stëmmt géint Zaldoten-Ënnerstëtzung

De Fernand Kartheiser huet der Chamber eng Resolutioun virgeluecht, fir sech ze engagéieren, selwer Zaldoten anzestellen fir z.B. Sécherheetsaufgaben ze iwwerhuelen. Hien huet och eng Motioun presentéiert, déi drop gedrängt huet, datt d’Zaldote beim Gemengepersonal besser, entspriechend hire Viirrechter agestallt ginn. Béid Texter si geschlossen vun alle Parteien an zwee Voten, de 15. Mäerz, refuséiert ginn. Béid Texter hätten, am Sënn vum Fernand Kartheiser senger Interventioun, d’Karriär vun den Zaldoten méi interessant ze maachen, hir Zukunftsplannung ze verbesseren an hinnen no hirem Déngscht fir d’Land interessant Aarbechtsméiglechkeeten ze offréieren.

Eng Interpellatioun zur Nato huet sech ugeschloss un d’Debatt iwwer eis Arméi. International gesäit de Fernand Kartheiser d’Lëtzebuerger Arméi an der Nato an enger renger Verdeedegungsroll. D’Nato muss eng Verdeedegungsallianz bleiwen. De Kale Krich ass eriwwer an et soll och kee neien Kale Krich oder eng nei Konfrontatioun mat Russland erbäigeschwat ginn. Hei huet den ADR-Deputéierten eng ganz Rëtsch Ongereimtheeten gewisen, esouwuel bei der Regierung, mä speziell och bei der grénger Partei an natiirlech bei der CSV, an zwar um Niveau vun der Nato mä och an der europäescher Verdeedegungspolitik.

Dokumenter

Deel dëse Post: