D’ADR Stad stëmmt de PAG net mat.

Firwat d‘ADR de PAG vun der Stad Lëtzebuerg net matstëmmt

D‘Marceline Goergen, Gemengeconseillère fir d‘ADR, kann deen erneierte PAG vun der Stad Lëtzebuerg beim 2. Vote net ënnerstëtzen. D‘ADR erkennt déi ganz vill Aarbecht vun de Gemengeservicer an externe Berodungsbüroen un. Si seet och deene ville Bierger Merci, déi sech de PAG genee ugekuckt hunn, an hir Suergen an iwwer 800 Reklamatiounen ausgedréckt hunn. Leider huet et u politeschem Wëlle gefeelt, fir aus dem PAG en effektive Plang ze maachen, e Plang deen an d‘Zukunft weist, an awer och e Plang op deem ee sech liicht erëm fënnt.

De PAG ass keen Zukunftsplang, well en net fest leet wéi vill Awunner, wéi vill a wéi eng Wunnenge sollen entstoen, wéi vill Aarbechtsplazen d‘Stad kann ophuelen, wéi a wou de Verkéier soll lafen. Dës Bedenken, déi d‘ADR schonns beim éischte Vote ausgedréckt huet, si voll a ganz vun der Commission d‘Aménagement bestätegt ginn, ouni datt de Schäfferot dorops eng konkret Äntwert ginn huet.

De PAG ass eng Landkaart, op der nëmme Spezialiste sech erëm fannen, mat ville Faarwen, Superpositiounen, gestrichels a gepinktels. Och d‘Partie écrite bitt vill Spillraum, un der d‘Affekote vill Freed wäerten hunn.

D‘ADR bedauert besonnesch, datt de Remarken a Suggestioune vum Sites et Monuments nëmme ganz wéineg Rechnung gedroen ginn ass, an datt ganz vill Objeten – wéi z.B. Synagoge – net geschützt gi sinn. Et ass och net an der Rei, datt de PAG gestëmmt gëtt, obschonns eng Rei Ëmweltetüden, déi fir de Plang néideg sinn, nach net ofgeschloss sinn.

De PAG, kaum gestëmmt, wäert schonns mussen a Prozedure goe fir dësen nees ze änneren. E konkret Beispill ass hei d‘Arelerstrooss, wou gewosst ass, datt de Stadion an d’Pompjeeskasär verschwannen. Et si keng nei Zonen ausgewise gi fir Schoulen, Altersheemer an aner ëffentlech Gebaier. Parke ginn net als Park ausgewisen, Parkplazen net als Parkplazen, et feelt e gesamte Verkéierskonzept, an esou weider.

Trotz der viller Aarbecht, an der absoluter Noutwennegkeet fir en Zukunftsplang fir d‘Stad opzestellen, deen dësen Numm och verdéngt, kann d‘Marceline Goergen fir d‘ADR dem PAG wéi e vun der Majoritéit virgeluecht ginn, ass net zoustëmmen.

Pressematdeelung vum 28. Abrëll 2016 – ADR Sektioun Stad

Deel dëse Post: