D’ADR war och scho virun der Katastrof vu Fukushima géint den Atomstroum an trëtt duerfir och dem Lëtzebuerger Aktiounskomitee géint Atomkraaft bäi.

No der Katastrof vu Fukushima huet d’ADR direkt reagéiert. An enger parlamentarescher Dringlechkeetsfro vum 15. Mäerz huet den Deputéierte Gast Gibéryen de Premier Minister opgefuerdert, bei de franséischen Autoritéiten ze intervenéieren fir datt Cattenom direkt zougemaach soll ginn. Leider huet de Jean-Claude Juncker a sénger Äentwert uginn, sech zu Bréissel fir e Stresstest anzesetzen, ouni iwerhaapt op de Site vu Cattenom anzegoen. D’ADRenalin, d’Jugend vun der ADR, huet och spontan beim Rassemblement vu Greenpeace de 17. Mäerz op der Place Clairefontaine mat gemaach.

Mee och virun der rezenter Katastrof déi Japan schwéier trëfft, huet d’ADR sech permanent géint d’Atomkraaft ausgeschwat. Esou steet zum Beispill am Grondsazprogramm, deen den 2. Abrëll 2006 ugeholl gouf, datt all politesch Entscheedungen um Kritär vun der Nohaltegkeet musse gemooss ginn, an datt den Opbau vun erneierbaren Energiequellen dozou bäidréit, fir d’Liewensqualitéit fir déi kommend Generatiounen ze erhalen.

Am Walprogramm fir 2009 heescht et kloer „datt d’Nuklearenergie fir d’ADR keng Alternativ duerstellt“, haaptsächlech aus folgende Grënn: d’Uranressourcen si begrenzt, d’Entsuergung vum Atomoffall ass net geséchert; grouss Kraaftwierker sinn op gewalteg Quantitéiten Killwaasser ugewisen… D’ADR huet am Programm vun 2009 besonnesch drop higewisen ,datt „d’Auswierkungen am Fall vun enger Katastrof – déi net ganz auszeschléissen ass, zum Beispill duerch mënschlecht oder technescht Versoen, Sabotage oder Terrorismus – esou enorm sinn, datt se net ze veräntwere sinn“!

An den 80er Joeren huet de Gast Gibéryen, an senger Fonctioun als Buergermeeschter vu Fréiseng, d’Erlabnis ginn, fir eng international Demonstratioun géint de Bau vu Cattenom, an daat géint de Wëlle vun der deemoleger Regierung.

D’ADR steet domadder voll a ganz hannert de Fuerderunge vun dem Lëtzebuerger Aktiounskomitee géint Atomkraaft : Stop vun den Atomkraaftzentralen vu Cattenom, Chooz, Fessenheim, Tihange/Doel a Biblis/Phillipsburg; fir eng Europapolitik déi der Atomkraaft kloer Nee seet a fir en nationalt Energiekonzept, dat op nohalteg Ressourcen opbaut.

D’ADR ënnersträicht, datt e schwéiren Accident zu Cattenom d’Existenz vum ganze Lëtzebuerger Staat ausläsche géif!