Conventioun Valorlux

Marc Schiffmann (ADR):

Wat d’Conventioun vun der Valorlux ugeet, wëll ech soen, datt mir als ADR do voll derhannert stinn, dat ass eng gutt Saach a mer wäerten se och ënnerstëtzen. De Leit d’Mülltrennung einfach maachen ass ganz wichteg, dat wierkt sech positiv op de Recycling aus an et ass och ökologesch méi sënnvoll wann ech meng Tut virun d’Dier setze wéi wann ech mat menge Plastiksfläschen op de STEP fueren.

Mä anescht kënne mir als ADR et jo och guer net maachen. Ech wëll mol drun erënneren, datt meng Virgängerin, d’Madame Reiff, am Numm vum ADR, 2002 hei am Gemeng zum Thema Valorlux gestallt a gefrot ob et net sënnvoll fir d’Gemeng Diddeleng wier, mat der Valorlux en Ofkommes ze maachen an de System mat de Valorlux-Tuten och hei zu Diddeleng anzeféieren. Deemools war de Schäfferot der Meenung, dat Diddeleng e Recylingpark hätt an datt Valorlux kee Sënn géif maachen. Dat huet dann dozou gefouert. Datt jiddweree mat senge Béchsen a Fläschen op de STEP gefuer ass, wat alles anescht wéi ökologesch war.

Gutt Iddie ginn net ëmmer direkt vu jidderengem erkannt an et huet bei de Kollege vun der Majoritéit e puer Joer méi laang gedauert. Mä dat ass jo egal, ech si frou datt d’Iddi vun der ADR elo ëmgesat ass. Merci.

Extrait aus dem Verbatim vum Diddelenger Gemengerot vum 8te Mee 2015

Deel dëse Post: