Congé parental ass gutt … awer wat maachen Elteren, déi wëllen doheem bleiwen?

D’ADR huet den 11. Oktober an der Chamber de Congé parental begréisst a gestëmmt. De Fernand Kartheiser huet déi méi grouss Flexibilitéit an déi besser finanziell Versuergung festgestallt. Den ADR-Deputéierten hat awer och Kritik. Déi geet ëm dat, wat net am Gesetz steet, well hei kréien Elteren de Choix de geholl. D’Regierung hëlleft systematesch Koppelen, wou déi zwee schaffen, a verschlechtert d’Situatioun vun Elteren, déi gären hätten, datt ee vu hinnen doheem bei de Kanner ass. Dat ass eng Amëschung a perséinlech Décisiounen vun enger Koppel, déi eng Regierung näischt uginn. Hien huet un den ADR-Virschlag vun engem Erzéiungsgeld erënnert, dee Familljen, komplementär zum Congé parental an aner Mesuren, ebe just dee fräie Choix géing erlaben.
D’Amëschung vum Staat an d’privat Sphär geet méi wäit, seet de Fernand Kartheiser. Well de Congé parental zu gläichen Deeler gespléckt ass fir Mamm a Papp, hëlt d’Gesetz och hei enger Koppel de Choix … datt eventuell just de Papp oder just d’Mamm doheem sech ëm d’Kanner kéint këmmeren. Duerfir huet hie fir en iwwerdrobare Congé parental geschwat, deen och vu engem Elterendeel eleng voll kéint profitéiert ginn. En drëtten Haaptawand betrëfft d’europäescht Recht: D’Regierung hätt net genuch gepréift, wéi wäit déi Suen laut der EU mussen och an d’Ausland bezuelt ginn.

Deel dëse Post: