Leipzig, eng Stad mat vill Plaz, huet  503.000 Awunner an 190.000 Aarbechtsplazen. Et gi 14 Tramslinnen zu Leipzig op 217 km Schinnen. D’Eisebunn huet zwou Kapgaren. 45.000 Leit schaffen zu Leipzig, déi net do wunnen, déi meescht komme mam Auto.

Et kënnt ee mengen, Leipzig hätt am Verglach mat Lëtzebuerg guer kee Problem. An dach hu se do am Summer 2003 mat Virbereedungsaarbechten zu hirem City Tunnel ugefang, deen 4.010 Meter laang ass, wobéi nach 1.269 m kommen, déi net am Buedem leien. Domat ginn déi zwou Kapgaren mateneen verbonnen, d’Zich kennen ënnert dem Zentrum vun der Stad derduerch fueren an d’Leit kommen direkt un hiert Ziel ouni ëmzeklammen.

Erwaart gëtt, dat vun 2010 un, wann de City Tunnel a Betrib geet, all Dag 16.000 Autoen manner a Leipzig erafueren.Deen Tunnel huet dann 705 Mio. € kascht. Et muss een allerdéngs wëssen, dat Leipzig net op drechenem Sandsteen läit ewéi Lëtzebuerg, mee zu engem groussen Deel op fiichtem Ënnergrond. Dowéinst ass et op ville Plazen net ouni Veräiisung gang, an iwwerall huet missen direkt nom Bueren eng Ofdichtung gesat ginn. Dat gëtt vill méi deier, ewéi wann een am Dréchenen schafft, esou wéi et hei zu Lëtzebuerg gemaach ka gin.

Leipzig huet also fir vill méi e klenge Problem wéi dee Lëtzebuerger, an dat ënnert vill méi schwierege Bedingungen, e City Tunnel gebaut an net eng weider Tramslinn opgemaach: well datt hätt hiere Problem, deen an der Onattraktivitéit vum Ëmklamme läit, net geléist.