[Chamber-Video]: D’Ettelbrécker Gare soll stoe bleiwen

Iwwer de Gesetzprojet 6734, deen de Bau vun der multimodaler Gare zu Ettelbréck regelt, huet de Gast Gibéryen geschwat: Och wann d’ADR prinzipiell fir Infrastrukturinvestitiounen ass, huet hien sech géint dëse Projet ausgeschwat, well d’Regierung déi al Ettelbrécker Gare wëll ofrappen. ‘t wär méiglech gewiescht, dat historesch wäertvollt Gebai ze retten, wann alternativ Tracéen gewielt gi wären oder wann d’Gebai iwwert dem Tunnel stabiliséiert gi wär.
Den ADR-Deputéierten huet och monéiert, dass de geplangten Tunnel an engem Iwwerschwemmungsgebitt läit an dass en d’Verkéiersproblemer vun Ettelbréck iwwerhaapt net kinnt léisen. D’Patton-Denkmal, virun 10 Joer deier restauréiert, géing elo ofgerappt a nei gebaut ginn. De Gast Gibéryen kritiséiert och hei, dass d’Koalitioun weder Dialog nach Transparenz géing praktizéieren mais en Diktat vun uewen.
Besonnesch an der Kritik, a sengen Aen: déi zwou Kulturministeschen, déi d’Gare net wollten ënner Denkmolschutz stellen, an d’DP an Déi Gring, déi zu Ettelbréck am Gemengerot géint de Projet gestëmmt haten an dësen elo an der Regierung ëmsetzen.

Deel dëse Post: