CETA an TTIP: De Fanger an der Wonn

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser ass jo scho méi laang net frou iwwer d’Manéier wéi déi international Handelsofkommen CETA an TTIP verhandelt ginn. Hie probéiert bei all Geleeënheet, sécherzestellen, datt d’Lëtzebuerger Chamber hei e Wiertche matzeschwätze kritt an datt esou wichteg Texter, mat wäit reechende Konsequenzen, déi all Bierger betreffen – wéi zum Beispill d’Qualitéit vun Uebst a Geméis – , net hanner zouenen Diren zu Bréissel ausgehandelt ginn. De Fernand Kartheiser war och um Ursprong vun enger Motioun, déi d’Lëtzebuerger Chamber gestëmmt huet an déi d’Lëtzebuerger Regierung an d’Flicht geholl hat, fir genee dat während der EU-Presidence ze vertrieden. D’weider Entwécklung vun deem Dossier a besonnesch och déi Domumenter, déi Greenpeace an de leschte Woche publik gemaach huet, bestätegen déi Positioun vum ADR-Deputéierten. Hien huet elo nach eemol eng parlamentaresch Fro iwwer CETA an TTIP eraginn. An där Fro huet hien och d’Bedenke vun der Plattform “Stop TTIP” mat verschafft a verlaangt hien eng punktuell Äntwert vum Minister op déi Suergen.

Deel dëse Post: