Budget 2017: zolitt Kritik vum Gast Gibéryen op RTL

Verréckt an irresponsabel. Esou huet de Gast Gibéryen de Budget 2017 genannt. De Budget 2017 ass trotz 4,6% wirtschaftlechem Wuesstem defizitär. Hie geet weider an déi Richtung an hie geet bis an den Detaill. Keen Tram, dee fir d’éischt 500 Milliounen an elo schonn iwwer 1 Milliard kascht. Hëllef fir Leit, déi et néideg hunn, awer keng Steierkaddoen. De Gast Gibéryen schwätzt vun enger Regierung a panik, déi probéiert, u Walstëmmen ze rette wat ze retten ass. E flotten Interview mat engem Journalist um Qui-vive an engem Gast Gibéryen, dee net aus der Rou ze bréengen ass.

Deel dëse Post: