Bensinspräis: De Staat kritt iwwer d’Hallschent!

De Bensinspräis, deen ze fréi erop oder ze spéit erof geet, vill ze héig ass oder fir aner nach ëmmer ze niddreg, ass e beléift Gespréichsthema. Dofir hat de Roy Reding no der leschter Hausse eng parlamentaresch Fro gestallt. De Finanzministär huet elo d’Rechnung gemaach, wat d’Regierung vun all Liter Bensin an d’Staatskeess kritt. Abee, iwwer d’Hallschent vum Präis, sief et fir Diesel, Normal oder Super bezillt den Autofuerer un de Pappa Staat.

Deel dëse Post: