Bankgeheimnis ausgehiewelt, Lëtzebuerger diskriminéiert …

Och an enger ganz kuerzer Interventioun kann ee vill soen. D’ADR huet sech géint en europäescht Reglement ausgeschwat, an deem et ëm d’Saisie geet. Hutt Dir eng Schold am Ausland, erlaabt dat Reglement Ärem Créancier, eng Saisie op Är Bankkonten ze maachen. Wou Dir déi hutt, kritt hien iwwer d’Lëtzebuerger Bankekontrollautoritéit CSSF matgedeelt. Dat raumt engem auslännesche Créancier méi Rechter an, wéi e Lëtzebuerger der hätt, well dee kaum ka gewuer ginn, op wat fir enger Bank Dir sidd. Fir de Roy Reding ass dat eng Aushiewelung vum Lëtzebuerger Bankgeheimnis an eng Diskriminatioun vu Lëtzebuerger.

Deel dëse Post: