Aussepolitik brauch Energie a Visiounen

En Donneschden, 11. Juni war an der Chamber d’Presentatioun vum Programme vun der Lëtzebuerger EU-Conseilspresidence duerch de Bausseminister Jean Asselborn. Dem Fernand Kartheiser seng Kritik war eng animéiert véirel Stonn. Keng Visiounen, keen Asaz fir d’Intérete vu Lëtzebuerg géinge kee Respekt verdéngen, esou seng Conclusioun. De Jean Asselborn wär just “de Bréifdréier vun der EU-Kommissioun”. Kritik vum Fernand Kartheiser a Saache Griicheland, wou Sue keng strukturell Reforme kinnten ersetzen, Kritik, datt d’Europaparlament sech ongehënnert em Saache géing këmmeren, déi et näischt uginn, Kritik un de Verhandlunge mat der Tierkei … als eenzege Liichtbléck gesäit hien, datt d’Regierung wëll aus der Russland-Ukraine-Sakgaass erauskommen.

Elo ass definitiv Schluss, ech soen näischt méi, huet de Minister kommentéiert, e Versprieche wat hien awer nëmme 5 Minutte gehalen huet. Dat am Kontext vun der Diskussioun iwwert den Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU. Grad esou wichteg war awer d’Abrénge vun enger Motioun iwwer den TTIP, dat neit Handelsofkommes mat den USA. D’Punkten op den i huet de Fernand Kartheiser och bei der Migratiounspolitik gesat. Hie verlaangt, datt och d’Décisioune vun der Justiz respektéiert ginn, fir Leit ze hëllefen, déi et wierklech brauchen.

Och d’Lëtzebuerger Sprooch an hire Statut an Europa huet de Fernand Kartheiser an dëser Ofrechnung net vergiess.

Deel dëse Post: