Firwat sollen Auslänner hei wielen, déi net wëlle Lëtzebuerger ginn? Firwat sollen d’Lëtzebuerger an hirem Land scho bal an d’Minoritéit gesat ginn? Firwat musse mer eng Liewensart änneren, déi nach ëmmer esou wuel de Lëtzebuerger wéi eisen auslännesche Matbierger e gutt Liewe gesëchert huet? Wat wëll Lëtzebuerg beweisen? Mir sinn eent vun de Länner mat dem héchsten Undeel un auslännesche Matbierger a mat de wéinegste Problemer op deem Plang … ouni rassistesch oderrietsextrem Gruppéierungen. Äntwerten op dës an aner Froe fannt Dir hei.

Inhalt: Klickt Iech op dat, wat Iech fierwezeg mëcht

1. Souveräne Staat an Natioun
2. Souveränitéit an allgemeng Interessie
3. Walrecht fir Auslänner ass weltwäit eng absolut Raritéit
4. Et gëtt kee Wee zeréck
5. Keng Réciprocitéit
6. Net méi Rechter fir d’Auslänner wéi fir d’Lëtzebuerger
7. Et gëtt keng Diskriminatioun vun Auslänner
8. Demographesch Entwécklung
9. D’Walrecht als Ausdrock fir eng Verantwortung fir d’Natioun
10. De Solidaritéitsgedanken
11. Interessekonflikter
12. Dat passiivt Walrecht kënnt mat Sécherheet no!
13. Iwwerpréiwung an Ausübe vum Walrecht
14. D’Auslänner kënnen hir spezifesch Interessie wierksam genuch vertrieden
15. Den Demokratiedefizit am Land läit net beim Auslännerwalrecht
16. Dat « economescht Argument » fir d’Auslännerwalrecht ass falsch
17. Dat « steierlecht Argument » fir d’Auslännerwalrecht ass falsch
18. « D’Upassung un déi sozial Realitéit » – Argument ass och falsch
19. D’Walrecht iwwer déi duebel Nationalitéit steet jidderengem op!
20. D’Regierung wëll de Wäert vun der Lëtzebuerger Nationalitéit erof setzen
21. D’Regierung wëll och déi matbestëmme loossen, déi eis Sprooch net verstinn
22. D’ADR ass géint e fakultatiivt Walrecht
23. D’Auslännerwalrecht schaaft de Risiko vum Communautarismus
24. D’Auslännerwalrecht ass géint den ëffentlechen Déngscht geriicht
25. Weist d’Auslännerwalrecht e positiivt Bild vu Lëtzebuerg?
ANNEXEN
Formuléierung vun der Referendumsfro
ADR-Wahlprogramm
Bäitrag vum Roland Kirsch: Iwwer d’Walrecht zu Lëtzebuerg
Auslännerzuele vun den EU-Länner

1. Souveräne Staat an Natioun
E souveräne Staat ass méi wéi d’Zomm vu sengen Awunner. Staat an Natioun gehéieren onzertrennbar zesummen. Et gëtt dofir keen „Awunnerwalrecht“, mee d’Natioun, also d’Bierger déi d’Nationalitéit vun engem Staat hunn, wielt an deem Staat dat nationaalt Parlament.
Lëtzebuerg maach wuel kléng sinn, geographesch a mat enger hallwer Millioun Awunner. Et ass desto trotz e souveräne Staat an eng Natioun déi historesch gewuess ass. Lëtzebuerg huet, fir seng Souveränitéit ze erhalen, muench Schwieregkeeten missen iwwerwannen an huet des Epreuven nëmmen dank de Solidaritéit vu sengem Vollek gemeeschtert.
Mam Wiener Kongress (1814 – 1815) a mam Traité vu London vu 1839 ass de Grand-Duché zu engem Staat ginn. D’Konventioun vu Montevideo (Convention de Montevideo sur les droits et les devoirs des États signée à Montevideo – Uruguay- le 26 décembre 1933) hält véier Kritäre fest, déi am internationale Recht e souveräne Staat definéieren: a) permanent bewunnt sinn: b) een definéierten Territoire kontrolléieren; c) eng Regierung hunn an d) fäheg sinn Relatioune mat anere Staaten opzehuelen. Dës Kritären si spéitstens mat Traité vun 1839 erfëllt.
Lëtzebuerg ass, fir dem Historiker Gilbert Trausch seng Wierder ze gebrauchen, vum Staat zu enger Natioun ginn. Natioun kënnt aus dem Latäineschem „Natio“. Dëst kann een iwwersetzen mat Vollek, Ofstamung, Hierkonft… Wann et Ausname gëtt, déi wéi an der Schwäiz als „Wëllensnatioune“ verschidde Sprooche schwätzen, esou iwwerschneiden sech praktesch iwwerall an der Welt de souveräne Staat mat enger „Kulturnatioun“, déi sech op eng gemeinsam Sprooch, Traditiounen a Geschicht bezitt. 1839, nom ofkoppelen vum wallouneschen Deel vum Groussherzogtum, ass et ganz besonnesch d’lëtzebuerger Sprooch déi d’Bevëlkerung vu Lëtzebuerg a senge Grenze vun haut zou enger Natioun zesumme geschweest huet.
Am leschte Weltkrich hunn d’Lëtzebuerger zum Deel mat hirem Liewen bewisen, datt ons Heemecht et Wäert ass, verdeedegt ze ginn. Och am éischte Weltkrich wéi
och an der Krise déi ons Siderurgie getraff huet, hunn d’Bierger vum Staat an der Natioun hir grouss Solidaritéit ënner Beweis gestallt.

Hei geet et zréck bei den Inhalt

2. Souveränitéit an allgemeng Interessie
Wien d’Walrecht huet, kann iwwer souverän Decisioune mat bestëmmen. An den Ae vun der ADR muss dëst Recht un d’Nationalitéit gebonne sinn a bleiwen.
An der Chamber ginn ëmmer nees wichteg Decisioune geholl, déi souwuel d’Souveränitéit wéi och déi allgemeng Interessie vun eisem Land an de Lëtzebuerger betreffen. Dowéinst léisst sech och keen Ënnerscheed maachen tëschent enger « communauté d’intérêts », déi jiddereen hei am Land géing betreffen, an enger « communauté de destin » déi un d’Nationalitéit gebonne wär. An der Chamber ginn ëmmer nees Decisioune geholl, déi primär d’Schicksal, also den « destin », vunde Lëtzebuerger an dem ganze Lëtzebuerger Land betreffen.

Hei geet et zréck bei den Inhalt

3. Walrecht fir Auslänner ass weltwäit eng absolut Raritéit
Op där ganzer Welt gëtt et nëmmen an e puer Länner en Auslännerwalrecht. Et muss een sech also wierklech froen, firwat grad Lëtzebuerg sou e Walrecht sollt aféieren an et muss een sech de Konsequenze vun esou engem Schrëtt ganz kloer bewosst sinn!
D’Auslännerwalrecht gëtt et a Neiséiland an an e puer klénge südamerikanesche Länner , an dat zum Deel mat ganz strenge Konditiounen. Keent vun deene Länner ass an enger demographescher oder sozialer Realitéit déi mat där lëtzebuergescher ze vergläiche wär. Lëtzebuerg huet och keng kolonial Vergaangenheet, wéi z.B. England, wou nach extra Regelen duerch de « Commonwealth » gëllen.
A bal allen vun deenen 200 Länner vun der Welt ass d’Walrecht fir Auslänner vollkommen ausgeschloss. Bal op der ganzer Welt gëtt et keng Diskussioun ëm Froe vun « Egalitéit », « Participatioun », « Dynamik » oder « Legitimitéit » bei nationale Wale well déi auslännesch Staatsbierger net zu deene Walen zougelooss sinn. Dat gëllt natierlech och fir Portugal, Frankräich, d’Belsch, Däitschland, Italien, Spuenien an all déi aner Länner wou déi meeschte vun den Auslänner hei am Land hir kommen. An där ganzer Europäescher Unioun gëtt et keen eenzegt Land dat en Auslännerwalrecht ageféiert hätt, a scho guer net wa bal d’Halschent vunder Bevëlkerung eng aner Nationalitéit huet. Fir d’ADR ass jiddefalls kloer, datt en Auslännerwalrecht zu Lëtzebuerg net a Fro kënnt.

Hei geet et zréck bei den Inhalt

4. Et gëtt kee Wee zeréck
Wann d’Auslänner bis eemol d’Walrecht fir d’Chamber hunn, da gëtt et kee Wee méi zeréck, egal wéi d’Bevëlkerung vu Lëtzebuerg, säin Auslännerundeel an d’Gewiicht vun eenzelne Communautéiten sech entwéckelen. Och bei den nächste Referenden däerfen dann d’Auslänner matbestëmmen.
D’Auslännerwalrecht mécht am Géigendeel de Wee fir déi nächst Schrëtt grouss op: aktiivt Auslännerwalrecht ouni Konditiounen, passiivt Walrecht fir Auslänner (si kënnen an d’Chamber gewielt ginn), Fro vun de Sprooch déi dann an der Politik an an der Chamber geschwat gëtt, den Accès fir net-Lëtzebuerger an d’Fonction publique…

Hei geet et zréck bei den Inhalt

5. Keng Réciprocitéit
Well et keng Réciprocitéit gëtt, hätten d’Lëtzebuerger, déi an anere Länner wunnen, manner Rechter wéi déi, déi si selwer géingen den Auslänner an hirem eegene Land zougestoen.
Fir gewéinlech gëtt a wichtege Froen tëschent Staaten de Prinzip vun der Réciprocitéit (Géigesäitegkeet) respektéiert. Dat heescht ee Staat gëtt engem anere Rechter, déi den anere géigesäiteg och bei him kritt. Esou ass z. B. d’Walrecht fir Auslänner bei den Europawalen sou organiséiert, datt d’Lëtzebuerger Bierger kënnen am EU-Ausland wielen, an d’EU-Auslänner ëmgekéiert och bei eis. Bei engem Auslännerwalrecht fir d’Chamberwale wär dat awer net de Fall. A bal alle Länner vun der Welt däerfen d’Auslänner, also och d’Lëtzebuerger, bei Parlamentswalen net mat wielen.
Wëll déi europäesch Union eng Staategemeinschaft ass, a Lëtzebuerg (wéi déi aner Memberstaten) net soll doranner seng Souveränitéit opginn, kënnt och fir d’ADR d’Auslännerwalrecht net am europäeschem Kader a Fro.

Hei geet et zréck bei den Inhalt

6. Net méi Rechter fir d’Auslänner wéi fir d’Lëtzebuerger
Mir géifen zwou Kategorië vu Bierger hei am Land kréien. Éischtens d’Lëtzebuerger déi nëmmen hei wiele kënnen. Zweetens d’Auslänner déi hei an, jiddefalls meeschtens, gläichzäiteg och an hirem Ursprongsland fir hiert national Parlament wiele kéinten.
Mir kënnen oder däerfen deenen Auslänner, déi hei am Land wunnen an déi d’Walrecht an eisem Land géife kréien, jo net virschreiwen, dat si dofir missten op hir Rechter an hirem Staat, déi hinnen duerch hir eegen Nationalitéit zoustinn, verzichten.
Dat gëllt zwar och fir déi Lëtzebuerger mat enger duebeler Nationalitéit. Awer déi consideréiere mir jo als vollwäerteg Lëtzebuerger, déi hire Wëlle fir sech ze integréiere bewisen hunn.

Hei geet et zréck bei den Inhalt

7. Et gëtt keng Diskriminatioun vun Auslänner
D’Auslänner déi zu Lëtzebuerg wunnen sinn net vun engem Walrecht fir Parlamentswalen ausgeschloss.
En Auslänner, deen zu Lëtzebuerg wunnt, däerf a sengem eegene Land wiele goen. Et gëtt also an deem Sënn weder en Defizit un Demokratie, nach eng Diskriminatioun opgrond vun der Nationalitéit. Jiddereen däerf fir un de Parlamentswalen am Land vu senger Nationalitéit deelhuelen.

Hei geet et zréck bei den Inhalt

8. Demographesch Entwécklung
D’Auslännerwalrecht kéint theoretesch heeschen, wann et géing massiv genotzt ginn, dat eng Majoritéit vun auslännesche Wieler méi e staarkt elektoraalt Gewiicht huet wéi déi Minoritéit vu Lëtzebuerger.
Wa sech bei där aktueller demographescher Entwécklung näischt ännert, ass et nëmmen nach eng Fro vun der Zäit, bis datt d’Lëtzebuerger Staatsbierger nëmmen nach eng Minoritéit vun den Awunner hei am Land duerstellen. Et muss hei drun erënnert ginn, datt Lëtzebuerg am Verglach zu anere Länner, en enorm héijen Auslännerundeel huet. Aktuell schonn ëm 45%, an d’Tendenz weist staark no uewen.
(Liest och d’Punkten
19 an 20)

Hei geet et zréck bei den Inhalt

9. D’Walrecht als Ausdrock fir eng Verantwortung fir d’Natioun
Fir d’ADR ass kloer, datt eng wierklech sënn- a verantwortungsvoll Decisioun bei der Wal fir d’Chamber nëmme ka geholl ginn, wann de Wieler op d’mannst d’Grondkenntnisser vun der Lëtzebuerger Geschicht, Kultur a Sprooch huet.
Wee wiele geet soll wa méiglech net nëmme verstoe wéi d’Institutioune vum lëtzebuerger Staat fonctionnéieren, mä soll och wëssen a wéi engem gesellschaftlechen a politeschen Zesummenhank dësen seng Decisiounen hëlt.

Hei geet et zréck bei den Inhalt

10. De Solidaritéitsgedanken
Bis elo sinn d’Lëtzebuerger och schwiereg Situatiounen nach Meeschter ginn, well et eng staark national Solidaritéit gouf. Gett déi net doduerch a Fro gestallt, wa Leit déi net zu där Solidargemeinschaft gehéieren a vläicht ganz aner Prioritéiten a Loyalitéiten hunn, kënne matbestëmmen?
D’ADR freet dowéinst wéi et mat engem Auslännerwalrecht ëm dee wichtege Solidaritéitsgedanken an eiser Gesellschaft bestallt wär.

Hei geet et zréck bei den Inhalt

11. Interessekonflikter
Déi Tatsaachen datt d’Auslänner kéinte gläichzäiteg an e puer Länner iwwert Froe vu Souveränitéit a Froe mat internationalen Implikatiounen ofstëmmen, nämlech an hirem eegene Land an och hei zu Lëtzebuerg, an datt auslännesch Regierungen oder Interessegruppe kéinten hir Staatsbierger hei am Land zu engem bestëmmte Walverhalen opruffen, kann och eng Rei vun Interessekonflikter mat sech bréngen.
Dëst z.B. an economeschen, sozialen oder fiskale Beräicher. Et ass net automatesch unzehuelen, datt an enger Situatioun wou dat de Fall wier, déi concernéiert Auslänner sech géingen éischter fir déi lëtzebuergesch Interessien entscheeden, an net fir d’Interesse vun hirem Heemechtsland. Esou wéi d’Fro vun der Regierung gestallt ass, géife jo och d’Auslänner aus der ganzer Welt (also net nëmmen aus der europäescher Unioun) mat wielen. Esou kéinten och international Konflikter d’lëtzebuerger Wale beaflossen.
Theoretesch wär souguer denkbar, dat bestëmmte Länner wéilten hir national Interessen iwwer de Wee vun hire Wieler hei am Land favoriséieren, ënner anerem z.B. duerch e bewossten Afloss op eis Regierungsbildung, och a grad wann deenen hir Interessien deene lëtzebuergeschen oppe widderspriechen. Bei auslännesche Wielergruppe vu signifikativer Gréisst kann e Walresultat op déi Manéier ganz liicht an decisiv beaflosst ginn. Mir stellen och fest, datt verschidden auslännesch Perséinlechkeete mat grousse Wierder fuerderen, datt hei am Land soll en Auslännerwalrecht ageféiert ginn. Si sinn awer net bereet, d’Auslännerwalrecht an hirem eegene Land ze fuerderen.

Hei geet et zréck bei den Inhalt

12. Dat passiivt Walrecht kënnt mat Sécherheet no!
Och wann d’Regierung am Abléck nëmmen dat aktiivt Walrecht proposéiert (dat heescht, et kann ee wiele goen), dann ass jo kloer, datt domat och e groussen Drock entsteet, fir datt d’Auslänner och geschwënn sollen dat passiivt Walrecht kréien (dat heescht, datt si och kéinte gewielt ginn).
Esou séier wéi d’Auslänner dat aktiivt Walrecht hätten, géinge do automatesch nei D’Fuerderung nokommen.

Hei geet et zréck bei den Inhalt

13. Iwwerpréiwung an Ausübe vum Walrecht
D’Zougestoe vum Auslännerwalrecht ënner zwou ganz einfache Konditioune géing och bedeiten, datt hei Leit kéinten d’Walrecht ausüben, déi et z.B. iwwer de Wee vun engem Geriichtsuerteel an hirem Heemechtsland d’Walrecht verluer hunn.
Et ass de Lëtzebuerger Autoritéite mat Sécherheet an deenen allermeeschte Fäll net méiglech dat ze iwwerpréiwen. D’Fro géing sech dann och bei Veruerteelunge vun Auslänner hei am Land stellen, ob a wéi hinnen hir biergerlech Rechter, wéi z.B. d’Walrecht, kéint oferkannt ginn.

Hei geet et zréck bei den Inhalt

14. D’Auslänner kënnen hir spezifesch Interessie wierksam genuch vertrieden
Lëtzebuerg offréiert deenen Auslänner déi hei wunne wäit méi Méiglechkeete fir eng politesch Participatioun an eiser Gesellschaft wéi déi allermeeschten aner Länner op dëser Welt!
D’Auslänner huelen hei am Land um sozialen a politesche Liewen aktiv deel a sinn och net vum politesche Liewen ausgeschloss. Si kënnen z.B. gläichberechtegt mat de Lëtzebuerger un alle Sozialwalen deelhuelen, d’EU-Bierger kënne bei den Europawalen op Lëtzebuerger Lëschte wielen a gewielt ginn. All Auslänner, och déi aus net EU-Staaten, kënne bei de Gemengewale wielen a gewielt ginn. Neierdéngs kënnen d’Auslänner souguer Schäffen oder Buergermeeschter ginn, eppes wat et wahrscheinlech net a ville Länner op der Welt gëtt.
Ausserdeem kënnen si sech an alle politesche Parteien an Associatiounen engagéieren, dorënner och Associatiounen déi sech speziell ëm Auslännerfroe këmmeren. Vun engem Demokratiedefizit fir d’Auslänner hei am Land kann also keng Rieds sinn.
Et muss och nach eemol drun erënnert ginn, datt selbstverständlech all Member vun der Chamber ëm d’Wuel vun der gesamter Populatioun besuergt a beméit ass. Déi spezifesch Interessie vun der auslännescher Populatioun déi zu Lëtzebuerg wunnt an/oder schafft ginn och elo schonn an der Politik mat berücksichtegt.

Hei geet et zréck bei den Inhalt

15. Den Demokratiedefizit am Land läit net beim Auslännerwalrecht
Et ass awer richteg, datt et eng Rei vun Demokratiedefiziten an eisem Land gëtt. Mä déi betreffen un éischter d’Plaz d’Lëtzebuerger selwer a seelen och d’Auslänner mat.
Zu den Demokratiedefiziten zielen: eng ongerecht Zesummesetzung vum Staatsrot, eng restriktiv Astellung zu decisive Referenden, en ongerechte Walsystem, eng ëmmer méi grouss Ënnerhielegung vun de Pouvoire vun der Chamber duerch d’Europäesch Unioun, net genuch Rechter fir d’Oppositioun an der Chamber a keen direkten Zougang vun de Bierger zum Verfassungsgeriicht. Doniewent gëtt et nach vill aner Gefore fir eise Rechtsstaat: d’Aschränkunge vun der Fräiheet vun der Press, d’Schwächte vun de Rechter vun der Verdeedegung viru Geriicht, a sou virun. Dat sinn déi reell an alldeeglech Problemer déi de gudde Fonctionnement vun eiser Demokratie an eisem Rechtsstaat behënneren, an do sollte mir och prioritär Reforme virhuelen!

Hei geet et zréck bei den Inhalt

16. Dat « economescht Argument » fir d’Auslännerwalrecht ass falsch
Déi vill Auslänner déi hei schaffen sinn an deenen allermeeschte Fäll awer net hei, well si sech géinge besonnesch fir eist Land interesséieren oder hei wéilte politesch Decisiounen huelen.
Et ass richteg, dat vill Auslänner hei schaffen an esou e Bäitrag zu eiser Economie an eisem Wuelstand leeschten. Dat verdéngt Unerkennung, awer dofir nach net d’Zouerkenne vum Walrecht! Déi Leit wielen hei eng Aarbechtsplaz well si bei sech am Chômage wieren, well se hei méi héich Salairen a besser economesch Méiglechkeete fannen an e besseren Sozialsystem wéi an hirem eegenen oder an anere Länner.
Déijéineg, déi sech zu Lëtzebuerg fir laang Zäit eng nei Zukunft wëllen opbauen, kënnen a sollen de Wee vun der Integratioun wielen an d’lëtzebuerger Nationalitéit unhuelen (esou guer als duebel Nationalitéit). Et sief drun erënnert, dat kee Land vun der Welt den Auslänner d’Walrecht gëtt, nëmme well si do schaffen.
Fir d’ADR ass kloer : d’Walrecht ass net un d’Aarbechtsplaz gebonnen, mä un d’Nationalitéit!

Hei geet et zréck bei den Inhalt

17. Dat « steierlecht Argument » fir d’Auslännerwalrecht ass falsch
Dat allgemengt Walrecht ass eng grouss a wichteg demokratesch Entwécklung: et gi keng finanziell oder steierlech Critèren a Betruecht gezu.
De 26. Oktober 1919 gouf zu Lëtzebuerg dat allgemengt Walrecht agefouert, natierlech gebonnen un déi lëtzebuergesch Nationalitéit. Virdrun haten net nëmmen d’Frae kee Walrecht, mä och 75% vun de Männer hate keent. Bis dohinner war d’Walrecht nämlech u steierlech Critèrë gebonnen (suffrage censitaire). Et huet e misse Steieren an enger bestëmmter Héicht bezuele fir däerfe wielen ze goen.
Wa mir lo géingen higoen an nees e steierleche Critère fir d’Walrecht géifen aféieren, nom Motto « wien hei Steiere bezilt, dee muss och däerfe wiele goen », da misst dat selwecht Argument jo sécher och fir d’Frontaliere gëllen déi hei Steiere bezuelen, soss wären déi jo géint iwwer deenen Auslänner déi am Land wunne sécher « diskriminéiert », oder net ? A wéi wär et mat deenen Auslänner, déi hei Steiere bezuelen awer nach keng 10 Joer hei wunnen?
Wéi wär et mat deenen Auslänner, a Lëtzebuerger, déi am Land wunnen an awer hei keng Steiere bezuelen, z.B. well si grad keng Aarbecht hunn oder well esou wéineg verdéngen, datt se net der Steier ënnerleien ? Et sief och drun erënnert, dat kee Land vun der Welt den Auslänner d’Walrecht gëtt, nëmme well si do Steiere bezuelen.
Fir d’ADR ass kloer : d’Walrecht ass net u steierlech Critère gebonnen, mä un d’Nationalitéit!

Hei geet et zréck bei den Inhalt

18. « D’Upassung un déi sozial Realitéit » – Argument ass och falsch
D’Deelhuelen un de Walen ass de konkreten Ausdrock vun enger politescher Verantwortung déi vill méi Facetten huet wéi nëmmen economesch oder sozial Consideratiounen.
Et héiert een dacks, datt d’Walrecht fir Auslänner et géing erlaben, déi economesch a sozial Interessie vun deene Leit besser ze berücksichtegen an domat der sozialer Realitéit hei am Land besser Rechnung ze droen. Wann elo eng grouss Zuel vu Leit un de Walen deelhëlt, deenen hiren Interessi un de Wale virun allem, oder souguer exklusiv, economescher oder sozialer Natur wär, da géingen den Ausgang vun de Walen an d’Themen am Walkampf iwwerproportional vill duerch sou Froe bestëmmt. Dat kann zum Veraarme vum politesche Liewen an der politescher Debatt féieren an eben net zu der Beräicherung déi sech Verschiddener vum Auslännerwalrecht erhoffen.

Hei geet et zréck bei den Inhalt

19. D’Walrecht iwwer déi duebel Nationalitéit steet jidderengem op!
Jiddwer Auslänner den hei am Land lieft kann déi lëtzebuerger Nationalitéit unhuelen an domadder d’Walrecht bei de Chamberwale kréien.
Déi duebel Nationalitéit fir Auslänner, déi länger Zäit zu Lëtzebuerg wunnen, ass mat zwee Haaptargumenter an der Chamber agefouert ginn. Éischtens, fir datt esou méi Leit och d’lëtzebuerger Nationalitéit unhuelen. Zweetens, well si dann, als Lëtzebuerger, un de Walen däerfen a mussen deelhuelen.
Wann Auslänner sech fir d’lëtzebuerger Nationalitéit entscheeden, an zum Deel den Effort fir z.B. Lëtzebuergesch ze léieren maachen, beweisen se hire Wëllen, sech ze integréieren. Domadder kréien se all d’Rechter vun de Lëtzebuerger, och dat aktiivt a passiivt Walrecht.
D’Konditioune sinn, datt ee siwe Joer hei gewunnt huet an e ganz einfache Sproochenadr am Lëtzebuergesche packt. Et muss däitlech ënnerstrach ginn, datt de Sproochenadr hei am Land bedeitend méi liicht ass wéi déi an eisen Nopeschlänner. Duerch d’Méiglechkeet vun der duebeler Nationalitéit brauch een dobäi net op seng aner Nationalitéit ze verzichten..
D’Gesetz iwwert déi duebel Nationalitéit huet e grousse Succès: all Joer hunn e puer dausend Matbierger dëse Wee gewielt. Domadder ass de Rapport Lëtzebuerger – Auslänner op d’mannst stabiliséiert, an et hunn och vill Leit sech d’Méi gemaach, ons Sprooch ze léieren.
Dëse Wee vun der Integratioun iwwert d’Nationalitéit géif mam Auslännerwalrecht op d’Spill gesat ginn! Domadder wär den Zweck vun der duebeler Nationalitéit hifälleg.

Hei geet et zréck bei den Inhalt

20. D’Regierung wëll de Wäert vun der Lëtzebuerger Nationalitéit erof setzen
D’Regierung proposéiert a Wierklechkeet, datt och déi Auslänner déi hei wunnen, awer aus iergend engem Grond d’lëtzebuerger Nationalitéit iwwerhaapt NET wëllen, awer däerfen iwwer eist Land matbestëmmen.
D’Konditioune fir d’Auslännerwalrecht, sou wéi d’Regierung se proposéiert, gesinn eng Residenzklausel vun 10 Joer vir. Dat heescht awer gläichzäiteg, datt déi Auslänner déi betraff sinn, wann si dat da wéilten, iwwer de Wee vun der lëtzebuerger Nationalitéit d’Walrecht schonn dräi Joer méi fréi kréie kéinten. Natierlech féiert déi Iddi och déi aktuell Debatt ëm d’Reform vum Nationalitéitegesetz ad absurdum.
Wéi en Interessi hätten d’Auslänner da nach fir Lëtzebuerger ze ginn, wann si déi politesch Rechter praktesch iwwer d’Auslännerwalrecht geschenkt kréien? Et géingen der da sécher net méi ganz vill ginn, déi nach déi ganz Prozedure wéilten op sech huelen an eis Sprooch wéilte léieren, fir eis Nationalitéit ze kréien. Déi lëtzebuergesch Nationalitéit géing hinne jo da keng konkret Virdeeler méi bréngen, mä just nach en emotionale Wäert duerstellen.
Fir d’ADR ass kloer: d’Auslännerwalrecht géing d’Integratioun net stäerken, mä et géing si souguer zum Deel verhënneren!

Hei geet et zréck bei den Inhalt

21. D’Regierung wëll och déi matbestëmme loossen, déi eis Sprooch net verstinn
An de Propositioune vun der Regierung ass keng Sproocheklausel virgesinn. Dat géing konkret heeschen, datt e groussen Deel vum politesche Liewen net méi oder jiddefalls net méi nëmmen op Lëtzebuergesch wär.
Och déi Auslänner sollen d’Walrecht kréien, déi kee Lëtzebuergesch verstinn a sech och no 10 Joer Openthalt an eisem Land net d’Méi gemaach hunn ons Sprooch ze léieren. De Walkampf géing mat Sécherheet méisproocheg ginn, a vläicht géingen och d’Debatten an der Chamber geschwënn nees op Franséisch gefouertginn, esou wéi am 19. Joerhonnert. Vill vun deenen, déi d’Auslännerwalrecht fuerderen, behaapten einfach datt Lëtzebuerg jo en « dräisproochegt » Land wär, an datt déi Lëtzebuerger Sprooch dowéinst net sou wichteg wär. Upasse mussen sech d’Lëtzebuerger.
Konsequenzen op eist politescht a gesellschaftlecht Liewen.

Hei geet et zréck bei den Inhalt

22. D’ADR ass géint e fakultatiivt Walrecht
D’ADR ass fir d’Bäibehale vun der Walflicht, an dëst ouni nei Ausnahmen.
D’lëtzebuerger Walflicht kennt wéineg Ausnamen, z.B. dat fir Wieler iwwert 75 Joer. Datt muss och esou bleiwen. Enner anerem dowéinst ass d’ADR och géint e fakultatiivt Walrecht fir déi Jonk ënner 18 Joer. E fakultatiivt Walrecht géing zwou Kategorie vu Leit schafen: déi, déi musse wiele goen, also d’Lëtzebuerger, an déi, déi däerfe wiele goen, also d’Auslänner.

Hei geet et zréck bei den Inhalt

23. D’Auslännerwalrecht schaaft de Risiko vum Communautarismus
Op ville gesellschaftleche Pläng kéint Lëtzebuerg duerch d’Auslännerwalrecht ganz séier mat radikale Fuerderunge konfrontéiert ginn, déi eist Land géinge virun enorm Zerräissprouwe stellen.
Wann d’Auslänner bis dat aktiivt d’Walrecht hunn, kënne gréisser auslännesch Communautéiten natierlech groussen Drock ausüben, z.B. fir d’Aféiere vun aneren oder zousätzlechen offizielle Sproochen oder fundamentale Schoulreformen. Sollt dann dat passiivt Walrecht an e puer Joer nokommen, besteet de Risiko dat Parteien op Basis vun der Nationalitéit gegrënnt ginn, déi dann och reng auslännesch Wallëschten opstellen. Och verschidde reliéis Communautéite, mat majoritär auslännesche Memberen, kéinten hir eege Wallëschten opstellen a Fuerderungen erhiewen déi der traditioneller lëtzebuerger Gesellschaftsuerdnung drastesch widderspriechen. Alles dat entsprécht net dem Integratiouns- a Solidaritéitsgedanken, deen d’ADR vertrëtt.
Dës Froe ronderëm de Communautarismus beschränken sech och net op d’Situatioun vun haut. Duerch international Krise kënnen nei Migratiounen ausgeléist ginn, virun deenen och Lëtzebuerg kaum seng Grenze kann zoumaachen. Esou kéinten eemol nei Majoritéiten entstoen, déi nëmme bedéngt mat onse Wäerter vun haut kompatibel wären. Déi grouss Onsécherheeten an der Welt verlaange grouss Virsiicht ier een d’Matsproocherecht nei verdeelt.

Hei geet et zréck bei den Inhalt

24. D’Auslännerwalrecht ass géint den ëffentlechen Déngscht geriicht
D’Walrecht fir d’Auslänner géing jo mat sech bréngen, datt d’Lëtzebuerger Sprooch an der Fonction Publique géing weider zeréck gedrängt ginn, an dat keng Funktiounen am ëffentlechen Déngscht méi kéinte fir Lëtzebuerger Staatsbierger reservéiert bleiwen.
An enger ganzer Rei vun Interviewe gouf ënnerstrach datt vill in- an auslännesch Acteuren d’Auslännerwalrecht fuerderen oder ënnerstëtze fir dat politescht Gewiicht vun der Fonction Publique hei am Land däitlech ze reduzéieren. Doriwwer eraus muss ee wëssen, datt wann d’Auslänner bis kënne béi Gesetzer iwwer eis Souveränitéit matbestëmmen, oder souguer selwer maachen, da kënnen se net méi vu souveräne Funktiounen am Staatsdéngscht ausgeschloss ginn. Well d’Auslännerwalrecht net un eng Sprooch gebonnen ass, stellt sech dann och d’Fro vum Gebrauch vun de Sprooch beim Staat an de Verwaltungen.

Hei geet et zréck bei den Inhalt

25. Weist d’Auslännerwalrecht e positiivt Bild vu Lëtzebuerg?
Lëtzebuerg brauch sech net ze verstoppen, wat d’Integratioun an den Ëmgang mat auslännesche Bierger ugeet. Mir si weltwäit eent vun de Länner mam gréissten Auslännerundeel a mer hunn et zënter dem 19. Jorhonnert fäerdeg bruet, ganz vill Leit ze integréieren. Mir gi friddlech mateneen ëm ouni gréisser Tëschefäll, ouni Auslännerhaass an ouni rietsextrem Parteien am Parlament. Mir mussen awer kee Signal sëtzen, fir nach méi Auslänner unzelackelen.
No enger grousser Wëll vun Auswanderungen (Amerika, Brasilien, …) huet Lëtzebuerg vun den 1870er Joeren un Aarbechter fir d’Schmelzen a Galerie gebraucht an haaptsächlech vill Italiener opgeholl an integréiert. Vu Mëtt de 1960er Joeren un hate mer dunn déi zweet grouss Immigratiounswell vunonseportugisesche Matbierger, déi och voll um Wee vun der Integratioun sinn an deenen hir Integratioun historesch ongeféier déi nämmlecht Zäit brauch, wéi déi italienesch gebraucht huet. Duerno si vu 1990 un vill Ex-Jugoslawe komm (vill waren der och scho méi laang do) an duerno nach vill Leit aus Ost-Europa no der EU-Erweiderung.
Hei am Land wunne 45% Auslänner, dobäi kommen Dag fir Dag iwwert 160.000 Frontaliere bei ons schaffen.Ons Betriber a Gemengen a si multikulturell, an etlechen Uertschafte leit den Auslännerundeel un de Bevëlkerung wäit iwwert 50%. Géif et esou Ëmstänn a munche vun eisen Nopeschlänner, oder och an den USA, deem fréieren Immigratiounsland par excellence, da wär do Mord an Doutschlag. Och ënnert de Sozialisten traut sech Frankräich net eemol, d’Auslännerwalrecht bei de Gemenge fir net EU-Bierger anzeféieren!
Wann d’Ausland e schlecht Bild vun ons huet, dann huet dëst näischt mat onsem Ëmgang mat den Auslänner ze dinn. Fir onsen „Imiitsch“ ze verbesseren, musse mir ons Virdeeler offensiv verdeedegen an duerleeën. Mir, an virun allem ons Regierung, däerf net zouloossen, dass mir nëmmen als Steierparadäis an als Bréifkëscht fir dubiéis Firme betruecht ginn.
Wa Lëtzebuerg, als éischt Land an Europa an an der EU, an als eent vu ganz wéinegen Länner an der Welt, d’Auslännerwalrecht aféiert, dann dréit dëst kaum duerzou bäi, onst Bild international a besonnesch an de Medien opzewäerten. Mir géifen domadder awer e weidert Signal sëtzen (nieft der Statistik vum „räichste Land vun der Welt“), fir Friemer, déi fir sech eng besser Zukunft sichen, aus der ganzer Welt unzelackelen.

Hei geet et zréck bei den Inhalt

ANNEXEN

Formuléierung vun der Referendumsfro
„Approuvez-vous l’idée que les résidents non luxembourgeois aient le droit de s’inscrire de manière facultative sur les listes électorales en vue de participer comme électeurs aux élections pour la Chambre des Députés, à la double condition particulière d’avoir résidé pendant au moins dix ans au Luxembourg et d’avoir préalablement participé aux élections communales ou européennes au Luxembourg?“
„Sidd Dir mat der Iddi averstanen, datt d’auslännesch Matbierger d’Recht kréien, sech fakultativ an d’Wielerlëschten anzeschreiwen, fir als Wieler bei Chamberwahle matzemaachen, an dat ënnert der besonnescher duebeler Bedéngung, datt si op d’mannst während 10 Joer zu Lëtzebuerg gewunnt hunn a virdru scho bei Gemengen- oder Europawahlen zu Lëtzebuerg matgemaach hunn?“
„Befürworten Sie die Idee, dass ausländische Mitbürger das Recht erhalten, sich fakultativ in die Wählerlisten einzuschreiben, um sich als Wähler an den Wahlen zur Abgeordnetenkammer zu beteiligen, und dies unter der besonderen doppelten Bedingung, während mindestens zehn Jahren in Luxemburg gewohnt und sich vorher bereits an Kommunal- oder Europawahlen in Luxemburg beteiligt zu haben?“

Hei geet et zréck bei den Inhalt

ADR-Wahlprogramm
Da auch auf Gemeindeebene Entscheidungen getroffen werden können, die souveräne Interessen Luxemburgs berühren, verlangt die ADR, dass das Wahlgesetz so abgeändert wird, dass die Funktionen des Bürgermeisters und des Schöffen wieder ausschließlich luxemburgischen Staatsbürgern vorbehalten sind. Alleinige Umgangssprache in den Gemeinderäten soll Luxemburgisch sein.
Bei den Wahlen zur Abgeordnetenkammer möchte die ADR, dass auch weiterhin nur luxemburgische Staatsbürger das aktive und passive Wahlrecht haben. Dieses Prinzip muss in der Verfassung verankert bleiben. Jede diesbezügliche Änderung wird die ADR unverzüglich dazu veranlassen eine Referendumsprozedur einzuleiten.
Da in der Abgeordnetenkammer alle Fragen bezüglich der luxemburgischen Souveränität diskutiert und entschieden werden, ist die ADR der Auffassung, dass die Mitglieder des Parlaments ausschließlich vom Staatsvolk, also von den luxemburgischen Staatsbürgern bestimmt werden sollen. Jede andere Lösung würde ja auch den Wert der luxemburgischen Staatsbürgerschaft in Frage stellen und die Motivation zum Erwerb dieser Staatsbürgerschaft für in Luxemburg residierende Ausländer deutlich mindern.
Die ADR macht darauf aufmerksam, dass weltweit kein anderes Land mit einer vergleichbaren demographischen Struktur wie Luxemburg ein Ausländerwahlrecht eingeführt hat. Die ADR akzeptiert das Ausländerwahlrecht allerdings bei den Sozialwahlen, den Kommunalwahlen sowie den Europawahlen (für EU-Bürger). Sie sieht kein Demokratiedefizit in der Bestimmung, dass das Wahlrecht bei den Wahlen für die Legislative ausschließlich den Staatsbürgern vorbehalten bleibt. Das umgekehrte Argument zugunsten des Ausländerwahlrechts, also die Verallgemeinerung des Wahlrechts zur Bekämpfung eines vermeintlichen Demokratiedefizits, müsste ja dann auch weltweit zur Geltung kommen, wofür aber nirgendwo auch nur ansatzweise eine diesbezügliche Argumentation zu erkennen ist.
Die ADR ist ebenfalls der Auffassung, dass diese Frage nicht europaweit geregelt werden soll, sondern dass die Behandlung des Wahlrechts eine Frage der nationalen Souveränität bleiben muss.

Hei geet et zréck bei den Inhalt

Bäitrag vum Roland Kirsch: Iwwer d’Walrecht zu Lëtzebuerg
Viru kuerzem konnt een op RTL d’Meenung vum Paul Kremer zum Walrecht fir Auslänner lauschteren. (www.rtl.lu/meenung/607577.html). Ech ka mech där Positioun nuren zu 100% uschléissen, wëll ower elei nach e puer zousätzlech Iwwerleeungen an d’Gespréich bréngen. Iwwer deen aarmséilege Versuch vun der Regierong mam Begrëff “Awunnerwalrecht” deen “diskriminéierende” Begrëff “Auslänner” aus der Schosslinn ze huelen, huet de Fernand Kartheiser schonn op sengem Blog (fkartheiser.lu/?p=4977) geäntwert. Ech wëll elei op verschidden aner Argumenter vun de Vertrieder vum “Auslännerwalrecht” agoen.
Et héiert een ëmmer erëm, datt ët Apartheid wier, d’Ausslänner nët wielen ze loossen. Dat Argument läit nun ower total dernieft. Apartheid bezeechent een dat, wat a Süd-Afrika am 20. Jorhonnert d’politescht Liewe bestëmmt huet. Hei huet eng zougewandert wäissBevölkerungsgrupp déi agebueren (also am Land gebueren) schwaarz Bevölkerungsgrupp ënnerdréckt. Ët wor also eng Rassendiskriminéierung vun nët einheimesche Wäissen iwwer einheimesch Schwaarzer, déi an hirem eegene Land näischt méi ze soen haten. Wien do Parallele mat Lëtzebuerg gesäit muss beim Optiker passéieren.
Genee esou falsch ass ët, d’Ausschléisse vun Auslänner bei den nationale Walen als Diskriminatioun ze bezeechnen. All Auslänner, déi zu Lëtzebuerg wunnen, si fräiwëlleg bei eis komm, mat dem Wëssen, datt, wa si op eng komplett Integratioun géinge verzichten, d.h. also d’lëtzebuerger Nationalitéit nët géingen unhuele, si vun de Parlamentswalen ausgeschloss wieren. Si hunn aus wat fir Grënn och ëmmer drop verzicht, sech z’integréieren; si wëllen eis Sproch nët léieren, si feieren hir national Fester, hu keng Anung vun eiser Geschicht a brauchen no 20 Joer am Land nach ëmmer eng Landkaart, fir ze gesinn wou Veiane läit. Si sinn a bleiwen Auslänner. Als Auslänner hu si bei eis nët manner Rechter wéi a bal alle Länner vun eiser Äerd, mat deem Virdeel, datt si no relativ kuerzer Zäit d’lëtzebuerger Nationalitéit unhuele kënnen, ouni d’Nationalitéit vun hirer Ofstamung opzeginn (fir mech bleift ët trotzdem e Rätsel, wéi een z.B. gläichzäiteg Lëtzebuerger a Fransous ka sinn an domadder d’national Parlamenter an zwee Länner ka matbestëmmen; ass dat keng Diskriminéierung vun all deenen, déi nueren an engem Land wiele kënnen?).
D’Verdeedeger vum Auslännerwalrecht bréngen hir Argumenter gären esou eriwwer, wéi wann eis aktuell Situatioun eis vis-à-vis vun eise Noperen an e schlecht Liicht géing stellen. Si soen ët nët, well ët absolut falsch wier, mee si maachen eis gleewen, wéi wann d’Auslännerwalrecht op der ganzer Welt verbreet wier. Dat ass ower absolut nët de Fall. Vum Vatikan ofgesinn hunn d’Auslänner nach an 2 (zwee!) Länner d’Recht, bei nationale Wale matzemaachen. Dat eent ass den Uruguay, e kommunistesch gefouerte Staat a Südamerika, dat kaum Zouwanderung verzeechent. Dat anert ass Neiséiland, e Land wat vill “Aussteiger” unzitt. Fir a Neiséiland anzewanderen ass nët esou einfach. En éischte Critère ass d’Beherrsche vun der Sprooch! Mee donieft gëtt ët nach eng Abberzuel vu Bedingungen, déi jiddereen däerf am Internet nokucken (newzealandshores oder immigration NZ) Wien ënnert deene Bedingunge nach wëllt awanderen, ass am Häerz schonn e Neiséilänner. Nieft dësen zwee Länner gëtt ët nach Länner, déi a bi-lateralen Ofkommes deene jeeweilegen Auslänner aus deem anere Land d’Nationalwalrecht zougestinn. Ët sinn dat Länner, déi duerch hir gemeinsam Geschicht aus der Kolonialzäit resp. der Zäit vum Commenwealth nach méi enk matenee verbonne sinn (z.B. Portugal a Brasilien; England, Wales, Schottland a Nordirland).

“Wien hei Steiere bezilt, soll och hei wiele kënne goen.” Dat Argument gëtt och ëmmer erëm ervir bruecht. Dee logeschen Ëmkéierschloss wier: wie keng Steiere bezilt duerf nët wiele goen (Aarbechtsloser, Hausfraen, Studenten, kannerräich Familljen, Aarbechter mat geréngem Akommes asw.) D’Recht wielen ze goe baséiert ower nët op eisem finanzielle Beitrag zu dësem Staat, mee eis Zougehéieregkeet, eis gemeinsam Identitéit! D’Argument vun de Steieren hippt op alle Säiten. Gëlt dat fir jiddereen, deen hei Steiere bezilt oder ass do e Minimum virgesinn? Kréie Vereenegungen a Firmen, déi hei Steiere bezuelen, och national Stëmmen? Wéi ass ët mat deene, déi all Woch e pur Mol am Land tanken (z.B. Camionneuren) ouni hei ze wunnen an ze schaffen, ower ganz dacks méi Steieren (Accisesteier) bezuelen, wéi e Letzebuerger? Heescht dat, datt d’Frontalieren och eist nationaalt Parlament matbestëmme kënnen?
Wann een am Ausland doriwwer schwätzt, datt bei eis d’Walrecht vun Auslänner diskutéiert gëtt, da muss een dat zwee Mol soen, well d’Leit mengen, si hätte falsch verstan. Et ka kee sech virstellen datt ët och nuren ee Land gëtt, wou d’Auslänner matbestëmmen duerfen iwwert déi national Politik. Ët freet ee sech wierklech, wat d’Ursaach ass zu dësem Schrëtt. Wëlle mer villäicht och doranner erëm méi europäesch wéi de Rescht vun Europa sinn an dat federalt Europa bei eis ausprobéieren?
Nach eng Iwwerleeung zum Schluss. Ganz dacks si mir am Ausland bei Frënn op Besuch; genee esou dacks hu mer och Leit bei eis zu Gaascht. Als Gäscht si mir ët gewinnt, eis eiser Gaaschtfamill unzepassen; genee esou verhalen Gäscht sech bei eis. Ech hunn ët nach ni erlieft, datt mär als Gaascht oder eis Gäscht versicht hätten, sech an d’Organisatioun vun der Gaaschtfamill anzemëschen. Sou lieft jiddereen am Respekt vir den aneren.

Hei geet et zréck bei den Inhalt

 Hei geet et zréck bei den Inhalt