Ass Diddeleng beim Zuch zweet Klass?

Wie vun Diddeleng aus an d’Stad fueren wëll, muss ab 2018 ëmmer zu Beetebuerg ëmklammen. Et gëtt da keng direkt Linn méi an d’Stad, well déi vu Wuermereng (F) op Lëtzebuerg ofgeschaft gëtt. De Gast Gibéryen huet den 10. Mee eng mëndlech Fro an der Chamber gestallt, wou hie fir Kloerheet suergen wollt.  Et schéngt, wei wann Diddeleng bei den Zuchverbindungen an Zukunft zweet Klass fiert an de Video-Extrait vum Transportminister schwätzt fir sech. Hie versprécht fir d’weider Zukunft awer nees Besserungen.

D’Diddelenger ADR-Sektioun hat mat engem Flyer op der Braderie leschte Weekend schonn dergéint proadréiert, datt déi direkt Verbindung vun Diddeleng an d’Stad soll verschwannen. De Vic Haas als Diddelenger Conseiller hat och d’Intiative geholl, fir dës Fro am Gemengerot op d’Dagesuerdnung setzen ze loossen.

 

Deel dëse Post: