AECR: eng Kraaft, déi wiisst an Europa

D’ADR ass Member vun der AECR (Alliance of European Conservatives and Reformists), déi am Abléck hir Conseilsreunioun huet. D’ADR ass op där Reunioun duerch den Deputéierten Fernand Kartheiser vertrueden (am Bild lénks, mam ALFA-President Bernd Lucke). D’AECR ass déi europäesch politesch Bewegung an Europa, déi am séierste wiisst. Am Europaparlament ass de Grupp vun dene konservative Deputéierten (ECR) schonn déi drëttgréisst politesch Fraktioun. An zéng europäesche Länner si konservativ oder Reformparteien entweder alléng un der Regierung oder an enger Koalitioun.

Haut de moien goufen zwou nei Parteien an d’AECR opgeholl: déi däitsch Partei ALFA, vertrueden duerch hire President Bernd Lucke, an déi rumänesch M-10, déi sech besonnesch am Kampf géint Korruptioun engagéiert.

D’Sujeten op der Konferenz sinn ënner anerem den eventuelle BREXIT, d’Situatioun an der Tierkei an d’Migratiounskris. Allgemeng gëtt et vill Diskussiounen ëm d’Relatiounen tëschent der islamescher Welt an Europa an de Respekt vun de Mënscherechter. Och d’Presidentschaftscampagne an den USA ass  e Sujet vun den Diskussiounen an der AECR. Eng Rei vun Delegatiounen hunn hir Vueën iwwer aktuell Themen an der EU presentéiert, besonnesch och zu ëmstriddenen Froen , wéi z.B. d’Reform vun der polnescher Verfaassung an d’Situatioun vum Verfaassungsgeriicht an dem Land.

D’AECR engagéiert sech och a soziale Projeten, wéi z.B. der Hëllef fir Réfugiéën an Italien oder an der Ukraine.

Deel dëse Post: