Fir vill Opregung hat d’lescht Woch eng Debatt iwwer eng Crémants-Reklamm gesuergt. D’Reklamm sollt verbuede ginn, well eng Fra am Bikini drop ze gesi war. Op wéineg Verstees-De-Mech stoussen esou Aktivitéiten bei den ADR Fraen. Déi wiere sech an engem Pressekommunikee géint den moraliséierenden Aktivismus vum CID-Femmes.