E Samschdeg, den 20. Februar 2016, hunn d’ADR Fraen hire Statutten- a Wahlkongress ofgehal. Duerch d’Unhuelen vun eegene Statutten, hunn sech d’ADR Fraen als Parteistruktur vun der ADR méi fest etabléiert. De neie Comité vun den ADR Fraen besteet aus 14 Memberen ënnert der Presidence vun der Madame Sylvie Mischel.

D’ADR Fraen hunn op hirem Kongress eng Resolutioun zum Thema Prostitutioun ugeholl. Si schwätzen sech doran géint dee sougenannte „Schwedesche Modell“ aus, den hirer Meenung no keng Äntwert op déi vill Mëssstänn ass, déi et an dësem Domaine gëtt. D’ADR Fraen fuerderen eng aktiv Bekämpfung vun der Zwangsprostitutioun, vum  Proxenitismus a vum Mënschenhandel.  Si fuerderen och, datt de Staat decidéiert géint d’Prostitutioun vu Mannerjähregen a géint Beschaafungsprostitutioun vun Drogenofhängegen virgeet.

Si wëllen awer dene Mënschen, déi fräiwëlleg an der Prostitutioun schaffen e soziale Statut ginn, hir  Aarbecht als sollech unerkennen a si sozial besser ofsëcheren. Déi Prostituéiert, déi sech wëlle berufflech reorientéieren solle vum Staat mat Formatiounen a Programmer ënnerstëtzt ginn. D’ADR-Fraen wëllen datt de Staat de Mënschen déi Hëllef brauchen zur Säit steet am Plaatz d’Prostitutioun ze verbidden an de Problem domat nach méi grouss ze maachen.