Den Neijoerspatt vun der ADR Sektioun Péiteng

D’ADR Sektioun Péiteng, hat den 13.01.2017, op hiren traditionellen Neijooschpatt agelueden. Eng 80 Leit woaren do. Zësumme mat hirem Gemengeconseilljee an dem Péitenger Sektiounskomitee, gouf op d’neit Joer geprost, an d’Waljoer offiziell agelaud. Fir d’ADR zu Péiteng, wor den Neijooschpatt op en Neits, een immense Succès!
Hei ass d’Neijooschried vum Gemengeconseilljee Joe Thein.

Léift Bierger aus der Péitenger Gemeng,

Léif Bierger aus de Nopeschgemengen a vu méi wäit,

Léif Memberen aus dem Péitenger Veräinsliewen,

Léif Vertrieder vun anere Parteien,

Léif Parteikollegen aus alle Sektiounen,

Et ass mir eng Freed, Iech all op eisem Neijooschpatt ze begréissen. Mir hunn dëse Neijooschpatt op e Neits an d’Liewe geruff, fir Iech Villmools Merci ze soen – Merci, fir déi vill gutt, léif, an trei Ënnerstëtzung un eis Partei a fir den Erfolleg vun der Alternativ Demokratescher Reformpartei.

D‘ADR hat d’Éier, fir sech eng ganz Mandatsperiod fir eis gemeinsam gemengepolitesch Interessen an ze setzen, an huet hir Oppositiounsroll mat beschtem Wëssen a Gewësse wouer geholl. Ech wëll dofir och eisem ADR Sektiounscomité vu Péiteng Merci soen, fir déi gutt Zesummenaarbecht während all deene Joren, a fir hiert, Vertrauen a meng Persoun. Als hirem, an als ärem Gemengeconseilljee, wor et fir mech ëmmer eng Selbstverständlechkeet, fir mech an den Déngscht vu Partei a Gemeng ze stellen, a mäi Bescht ze ginn, fir d’Wuel an Zukunft vun eis all.

Net méi spéit wéi gëscht, huet de Sondage vun RTL a Lëtzebuerger Wort, gutt Prognostiken fir d’ADR ermëttelt. Ech sinn houfreg op d’ADR am Süden, an d’Matwierke vun der ADR Sektioun Péiteng fir dëse Mérite. D’ADR wor eng vun den aktiivsten an engagéieradre Parteien am Gemengerot, an ass als beschtgewielte Parteisektioun um kommunalem Plang am Land, eng wichteg politesch Kraaft.

Als Politiker a Lokalpatriot, awer och als ee Jong deen hei opgewuess ass, verbënnt mech Grousses mat eiser Heemechtsgemeng, an ech sinn dankbar, datt d’ADR d’Politik an d’Geschicht matschreiwe kann. Wat ech mir doriwwer eraus awer och ganz déif wënschen, datt ass, datt och eis’t Land, Lëtzebuerg, nees zu enger liewenswäerter Heemecht fir d’Lëtzebuerger gëtt. Och dofir kämpft, d’ADR.

Dofir ass eisen Entschloss och sécher, d‘ADR staark an determinéiert an de nächste Gemengerot ze féieren, an eiser Linn an eisem Stil, trei ze bleiwen. Mir sinn d’Alternativ an de Korrektiv fir d’Gemeng Péiteng, wielt konservativ!

Léif Frënn,

Fir datt ech net nees ze vill an d’Ambitioun vum Politiker verfalen, invitéieren ech Iech op elo gären op eise Patt, wënschen Alles Guddes a Prost op d’neit Joer.

Joe Thein

adr Gemengeconseilljee

 

Deel dëse Post: